Info

Léif Kollegin, léiwe Kolleg,
Fir den 2. Deel vun der  Formation Continue WordPress 2019 kanns du dës Übunge maachen:
Erstell en ähnleche Menu wéi uewen.

menu
Esou gesäit dat am Backend aus.
  • De Menüpunkt „Home“ verlinkt op eng Startsäit, déi d’Visiteuren begréisst. 
  • „Foco WP 2019“ ass zu sech selwer verlinkt (Hash # benotzen). 
  • „Info“ verlinkt op eng einfach Textsäit (= des Säit) .
  • „alle Tiere“ ass e Menüpunkt deen op eng Kategorie „Tiere“  verlinkt, déi aus e puer Beiträg (=Posts) zu jeweils engem Déier besteet.
  • E weideren Ënnermenüpunkt „Quellennachweis“ verlinkt op eng extern Säit .
  • De Menüpunkt „Zebra“ ass direkt mam Bäitrag
    „https://schoul-kielen.lu/zebra/“ verlinkt.
  • Zum Schluss erstelle mer nach eng „Sitemap“ (Erklärungen weider ënnen)

Zur Erënnerung: fir d’éischt de Contenu (Säiten a Beiträg) erstellen, dann de Menü.


Maach der eng Sitemap .
Erstell eng nei Säit“Sitemap“ a schreif/kopéier einfach dëse Shortcode (vum Plugin) dran: [wp_sitemap_page]
Duerno verlinks de déi nei Säit „Sitemap“ mat dengem Menü.


Erstell der deng Widgets fir deng Säiteläischt oder änner déi ëm di schonn do sinn. Och an de Footer 1/Footer2 kanns de Widgets setzen.
Hiwäis:  Du kanns am Dashboard ufänken (Design) oder awer alles am Customizer maachen.


Links an Downloads